Trëppeltour H

tourH


map_H Fond de plan: © Administration du Cadastre et de la Topographie Luxembourg (ACT) Autorisation de publication du 3 avril 2014
  1. Längt: +/- 3,5 km Héichtenënnerscheed: +/- 36 m
  2. Längt: +/- 9 km Héichtenënnerscheed: +/- 120 m
  1. Den Ausgangspunkt ass die selwichten wéi dien vum Circuit auto-pédestre 2 op der Plaz virun der Gemeng, do wou fréier de Rammericher Maart afgehal ginn ass an d‘ Jangelis Gare nobäi war. Duerch d’Rue Principale gi mer a westlicher Richtung virun bis an d’Rue du Château. Do verloosse mer den Circuit auto-pédestre 2 bei der éischter Afzweigung no léinks a ginn op der Velospiste weider bis op d’Riederstrooss. Hei besteet d’Méiglichkeet fir zréck op Rammerich ze gouen.
  2. Op enger Héicht vun 500 m gesi mer wäit ronderëm: Arel – d’Héichhaus um Kierchbierg – d’Tierm vu Cattenom – d’Wandmillen aus dem Préizerdaul a vun Heischent – de Waassertuerm vu Rëmmerich – d’Antennen um Réservoir vum Napoléonsgaard a vill Dierfer ronderëm verspreet! Den Trëppeltour H, die mer proposéieren, geet awer weider op der Velospiste (fréieren tracé vun der Janglisbunn) bis op d’Hueschter Gare. Do gi mer no rechts op der Strooss -Richtung Roodt- weider. No 1 km, op enger Kräizung, wiele mer no rechts de Feldwee, dien äis herno duerch de Bësch op dem Riederhalt erëm zréck op d’Velospiste féiert. Elo bleiwen nach 2 km bis op den Ausgangspunkt zu Rammerich.