Trëppeltour M

tourM


map_M Fond de plan: © Administration du Cadastre et de la Topographie Luxembourg (ACT) Autorisation de publication du 3 avril 2014

Längt: +/- 6km Héichtenënnerscheed: +/- 160 m

E Spadséiergank, dien deelweis zimlich ustrengend, duerfir awer wonnerschéin ass, an d’Naturfrënn duerch de romantischen Dall vun der Dillebaach bis op de Riiseknäppchen viru Rammerich féiert. Op der Kräizung gi mer a Richtung Gréivels. Di éischt Afzweigung no rechts féiert äis biergaf duerch Schwiedelbrouch, laanscht de leschte Bauerenhaff riichtaus op d’Kopp. Do verloosse, mer den Circuit auto-pédestre 1 a komme laanscht d’Biogasanlag (cf.: Dokumentatioun: Biogasanlage) weider iwwer d’Foulschterhéicht an de Bësch. Laanscht d’Juegdhaischen gi mer biergaf bis op den déifste Punkt vum Spadséiergank: Dillebaach. No kuerzer Zäit schloue mer een Haken no rechts a ginn an ëmgekéierter Richtung op dem Mausen seng Grotte lass. Do gënne mer äis eng kleng Rascht an informéieren äis, wéi et zu deser Grotte koum ass a wien se mat eisernem Fläiss aus dem Schiefer geha huet. (cf. Text vum Metty Unsen a Gedicht vum Aloyse Mausen) Eng bewonnernswert Leeschtung! Ee Pad quiesch duerch de Bësch wier elo ze vill ustrengend… ëmmerhinn misst een op kuerzer Streck een Héichtenënnerscheed vun +/- 120 m meeschteren. Mer ginn also e bësschen um Wee zréck a gesinn rechts e Pad, dien manner ustrengend ass. Aus dem Bësch eraus genéissen mer eng wonnerschéi Vue. Di grouss Strooss bréngt äis no rechts an d’Rue des Artisans an no kuerzer Zäit op den Ausgangspunkt zréck.