Trëppeltour E

tourE


map_EFond de plan: © Administration du Cadastre et de la Topographie Luxembourg (ACT) Autorisation de publication du 3 avril 2014

Längt: +/- 12 km Héichtenënnerscheed: +/- 190 m

Et gëtt 2 Méiglichkeeten dësen Trëppeltour afzekierzen:

1. Kuerz nom Bauerenhaff… no léinks afbéien fir op d’Gréivelserstrooss ze kommen. Dann um E weider gouen ! Längt: +/- 4,5 km Héichtenënnerscheed: +/- 65 m

2. Virum Waassertuerm… no léinks afbéien fir op de Réidingshaff ze kommen … Da weider gouen um E! Längt: +/- 9,5 km Héichtenënnerscheed: +/- 112 m

Op der Kräizung gi mer a Richtung Gréivels. Di éischt Afzweigung no rechts féiert äis biergaf duerch Schwiedelbrouch, laanscht de leschte Bauerenhaff, riichtaus op d’Kopp, dann biergaf an erëm biergaus bis op d’ Éischterstrooss. Do verloosse mer den Circuit auto-pédestre 1. No rechts komme mer bei de Waassertuerm an dann op Éischt. D’Rue du Château féiert eis weider bis un de Fouss vum Schuerelser Schlass. (Méiglichkeet fir eng kuerz Dokumentatioun nozeliesen, mam Hiweis, dass Schrëftsteller wéi den Theodor Zenner, den Albert Gricius oder de N. Gredt sech mat dem Thema Schuerelser Schlass beschäftigt hunn.) Wie Loscht huet, d’Ruinen genä ze kucken, dierf biergop kraxelen… awer et ass der Méi wäert. No der kuerzer Paus gi mer weider duerch de Bësch a kommen laanscht de Réidingshaff op d’Gréivelserstrooss an dann no léinks Richtung Rammerich. Fir e puer honnert Meter wiele mer e Bëschwee a kommen erëm op der Stross eraus. Mer gi weider a Richtung Kietscht, béien no der Afzweigung fir op Rammerich léinks an de Wald af. Gläich si mer op dem tracé vum Fitness – parcours, diem mer noginn bis bei de Waasserbaséng, ee klenge Chalet, eng flott Raschtplaz(De Fitness-parcours huet eng Längt vun 1,7 km, läit op enger Héicht vun 535 m a weist een Héichtenënnerscheed vu 25 m op.) Op der Kräizung gi mer no rechts op di 3 Köppbuchen viru Kietscht lass. (cf.: Tafel: Sagenschatz des Luxemburger Landes vum N. Gredt). Mer genéissen di schéi Vue an no enger kuerzer Rascht gi mer no léinks iwwert d’Gemengeland op den Ausgangspunkt zréck.